Generalversammlung 2024

30th July 2024

club logo

FF Norden 02 Weiswampach-Hupperdange

Den 12. Juli hate mir op eis Generalversammlung 2024 zu Wäiswampich an de Centre Culturel invitéiert. De Sall war ganz gutt gefëllt. Een Deel vun der 1.Ekipp, de Reserven, de Veteranen, de Jugendspiller, de laangjäreg Memberen a Supporter ware present.

D’Gemenge Cliärref a Wäiswampich ware mat den Häre Patrick Reiff (Cliärref), Neckel Polfer, Mike Hahn a Serge Kreutz (Wäiswampich) vertrueden. Zum Optakt gouf eng kleng Gedenkminutt fir eis verstuerwe Memberen, ënner anerem fir de Manuel Pereira, ee laangjäregen an treie Member vum FF Norden 02.

No engem kuerzen Aktivitéitsbericht vum Sekretär, mat ënner anerem sëllege Versammlungen a verschiddene Manifestatiounen an der Saison 2023/24 war et um Carlo Schroeder als Jugendkoordinator, fir iwwer d’Resultater vun de Jugendekippen ze schwätzen. Him nach eng Kéier ee grousse Merci fir seng geleeschten Aarbecht an de leschte Joren. Als Vertrieder vun der Jugendkommissioun huet dunn de Carlo Bertemes nach e puer Wierder iwwert hir Aarbecht geschwat. D’Minimies Ekipp vum Basti a Chrissi Schroeder gouf doroppshin fir hiren Opstig an déi 1. Divisioun geéiert.

Nodeems d’Saison 2022/23 mat engem grousse Minus ofgeschloss gouf, konnt d’Keess vum leschte Joer souwuel am Seniorsberäich wéi och an der Jugend ee positiivt Fazit verzeechnen. Et gouf un de richtege Schrauwe gedréint. D’Caisserevisore Patrick Troisfontaine a Pierre Arend hunn der Versammlung Entlaaschtung vum Caissier virgeschloen, dëst gouf accordéiert.

Eng grouss Problematik an deene leschte Jore war den Zoustand vum syntheeteschen Terrain zu Reiler. Als Vertrieder vun der Gemeng Cliärref huet de Patrick Reiff dem Veräin verséchert, dat u Léisunge géif geschafft ginn. Den Neckel Polfer vun der Gemeng Wäiswampech wor et wichteg nach eng Kéier d’Engagement an déi sëllegen Trainingsstonnen an der Jugend ervirzehiewen. Béide Gemengen ee grousse Merci fir hir Ënnerstëtzung.

De Comité konnt sech iwwer Verstäerkung freeën. Nei mat dobäi si vun elo un de Mario Dichter, d’Marion Zeimes an d’Jackel Weigel.

An der fräier Usproch huet de fréiere Wämper Buergermeeschter Henri Rinnen dem Veräin am Viraus scho Merci gesot, fir d‘Engagement ënner anerem um Jubiläum vum Lancaster Memorial, dat de 14. September 2024 organiséiert gëtt. 

Zum Ofschloss gouf du bei engem klenge Maufel an enger Fläsch Béier (Waasser/Cola, …) nach e bësse weider diskutéiert.

Am Numm vum Veräin ee grousse Merci fir déi grouss Präsenz op der Generalversammlung.

Theis Steve

Fotograféiert vum Sam Rickal

image
image
image
+36
image